Scheewercher zielen
An dësem Buch sti fënnef Märercher, souzesoe fënnef Guttnuecht-Geschichten.
D’Titelgeschicht „Scheewercher zielen ass e Volleksmäerchen aus England. Iwwert déi zweet Geschicht „De klengen Troll” schreift d’Yvette Moris: „Déi Geschicht hei ass richteg geschitt. An zwar an engem Bësch, net wäit ewech vu mengem Haus.” An „Dem Luca säi Petzi” gi mir gewuer, datt de klengen Tommy am léifste Geschichten erzielt kritt, déi säi Papp erfonnt oder selwer erlieft huet. „De klengen Heewelmann” ass déi lëtzebuergesch Iwwersetzung vun „Der kleine Häwelmann” vum Theodor Storm. „De klenge Stär‘’, déi fënneft Geschicht, passéiert an der Schoul während enger Liesnuecht.