Schallümmo : Geschichte fir Kanner
An dësem Band mat 39 Geschichte vum Kätt, gesi mir d’Haaptfiguren aus „Muschkilusch“ an „Zebra Tscherri“ erëm.
D’Catherine huet elo 11 Joer, mol ass et Béibizitta bei där klenger Zatz Susi, mol huet et 50 Grad Féiwer, mol spillt et mam Rosch am Bulli, mol sëtzt et beim Lute-Liddi, dem Papp senger neier Flam, um Schouss.
Mir léieren och e puer apaart Déiere kennen: zum Beispill d’Giraff Zuleima, déi de Panzi an enger Tombola gewonnen huet an d’Kaz Fuzzi, déi op e Kaze-Concours goe soll. Dofir soll si léiren, mat engem Stréihallem hir Mëllech aus der Jatt ze suckelen. D’Madamm Feierstein rifft ëmmer: Sch…..! Wat se do rifft, gëtt elo net verroden.
Den Auteur huet d’Buch och op Däitsch iwwersat.