Pickinicki
D’Margréitchen huet d’Planzen immens gär, virun allem hire Kaktus, deen si Pickinicki genannt huet. Him erzielt si all Dag Märercher. Enges Daags wëllt de Pickinicki sech op de Wee an de Bësch maachen, fir d’Rabonzel, vun deem d’Margréitchen him ëmmer erzielt, aus sengem Tuerm ze befreien. Ënnerwee awer erlieft hien allerlee bosseg Saachen an hie gesäit op eemol aus wéi ee Fuesbok. Traureg mécht hien sech nees heem. Do erlieft hien eng schéin Iwwerraschung…