Palazzo Matrazzi : Geschichte fir Kanner
Dem Kim seng Eltere si schrecklech frou mat him. Gi si owes eraus, wat bal all Owend de Fall ass, kritt hie kéipweis Videokassetten an déck Bicher geschenkt.
De Kim däerf bei all „Aktivitéit“ matmaachen, ob dat elo de „Spillnomëtteg“ ass oder de “Kannercontainer“. Kee Wonner, datt hie sech mol gär langweile géif.
Dem Jill seng Famill, zu där och d’Bomi Nicole gehéiert, fiert op Palazzo Matrazzi an d’Vakanz. ‘t ass net einfach sou eng Vakanz ze plangen. Wat maache mat den Hausdéieren, mat der Bomi, mat dem Jill?
Mä och an der Vakanz ass net ëmmer alles Zockerlecken.