Orangi : Jidderengem seng Chance
D’Orangi ass e klengt Meedchen, dat gären dreemt a sech déi komeschst Geschichten ausdenkt. Mee iwwert dem Dreeme vergësst hatt alt emol d’Zäit, handelt sech sou munnech Problemer an, an déi aner Kanner maachen de Geck mat him.
A sengen Dreem léiert hatt Déiere kennen, deenen et och bal sou geet wéi him selwer.
Hannen am Buch fënnt en intresséierten Erwuessenen Ureegunge fir Gespréicher, fir en Theaterstéck mat Lidder, an en CD.