Monsteren am Gaart
De Jodi an de Miri sinn zwee Himmelsdéiercher.
Enges Daags flitt de Miri aleng an den Nopeschgaart a gesäit do e lauter grujeleg Monsteren. Wéi hien dem Jodi dovun erzielt, laacht deen en aus.
Zesumme fléien de Jodi an de Miri nach eng Kéier an de Gaart. De Jodi, dee vu sech behaapt, virun näischt Angscht ze hunn, erkläert sengem Frënd all déi grujeleg Monsteren. Bis op eemol och de Jodi viru sengem Monster steet.