Minimaus
D’Minimaus wier gäre méi grouss a méi staark. Sou wéi de Léiw, huet de Papp gemengt. Mee wat ass de Léiw fir en Déier?
D’Minimaus mécht sech op, fir e Léiw ze sichen. Ënnerwee léiert si vill Déieren an hir Eegenaarte kennen.
Et gëtt d’Buch och op Franséisch, Däitsch an Englesch. An all Buch leien Iwwersetzungen an deenen aneren 3 Sproochen an eng kleng Stoffmaus derbäi.