Märercher fir dranzebäissen 2 : mat Rezepter aus verschiddene Kulturen
D’Yvette Morris huet 13 Volleksmärercher aus aller Häre Länner zesummegesicht a fräi noerzielt.
Si liwwert no all Mäerchen ee Rezept, dat een nokache kann. Sou kann ee schmaachen, wat a Japan, Korea, Costa Rica, Indien an nach munch anere Länner gekacht gëtt.