Mango Panda: gëtt et Léift mat 12 Joer?
Op der Präisiwwerreechung vun engem Concours gesäit d’Linda de Samuel fir d’éischt. A vun deem Moment un ass hatt schrecklech verléift. An da plënnert de Samuel a kënnt och nach bei hatt an d’Klass. Dat kann, dem Linda no, onméiglech en Zoufall sinn. Vun elo un dréit dem Linda säi Liewe sech ëm de Samuel, a wéi hatt mat him an Uruguay kënnt. Dat Land, wou et, dem Samuel no, Pandabiere gëtt a wou d’Leit Mangoen iessen.