Mam Roki ënnerwee an der Uewerstad
De Roki an d’Tatisha trëppelen duerch d’Stad op déi schéinste Plazen a si léieren eppes iwwer hir Geschicht kennen : d’Plëss, de Knuedler, de Palais, d’Charlotte, d’Kathedral an d’Gëlle Fra.
D’Geschicht ka mat QR-Coden op Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch gelauschtert ginn. Den Text derzou ass hannen am Buch, grad wéi Rätselsäiten.