Lies mer eng Geschicht

De Wollef schläicht sech am Bësch un e Papp erun, dee sengem klenge Meedchen aus engem Buch virliest.

Normalerweis géif hie se jo friessen, mä hie gëtt duerch déi flott Geschicht ofgelenkt. Mä de Papp hält matzen an der Geschicht op a léisst d’Buch am Bësch leien.

Séier schnaapt de Wollef sech d’Buch fir de Rescht vun der Geschicht virgelies ze kréien. Mä sou einfach ass dat net. De Wollef kann nämlech net liesen an d’Déiere lafen all virun him fort, aus Angscht gefriess ze ginn.

  • Autor
    Carboneill, Bénédicte
  • Illustrator
    Derullieux, Mireille
  • Übersetzer
    Welschbillig, Myriam
  • Erscheinungsjahr
    2021
  • ISBN
    978-2-8077-0138-0
  • Cycle
    1, 2
  • Sproochen
    Luxemburgisch
  • Genre
    Bilderbuch
  • Verlag
    Mijade
  • Bibliothekskatalog