Lawweli Lulatsch : alles iwwert d’Léift
D’Sandra ass frou mat engem staarke Mann, de Samuel ass frou mat enger fläisseger Fra, dee klenge Filip ass frou mat sengem Teddybier…
Mä, dee staarke Mann, déi fläisseg Fra, den Teddybier… alleguer hu se en Nodeel. Deen ee seet alles dräi mol, dem Samuel seng grouss Léift ass an engem Stéck amgaang ze streiden, an den Teddybier verkuckt sech an en aneren Teddybier.
Sou entsti 26 Geschichten iwwert d’Léift, déi schrecklech komplizéiert an och schrecklech komesch ka sinn. A wat et mam Lawweli Lulatsch op sech huet, dat gëtt een och am Buch gewuer.