Käddikätsch : Geschichte fir Kanner
Hei kann een eng Rees duerch e Wollekekrazert maachen, dee 40 Stäck héich a 40 Kelleren déif ass.
Ganz apaart Leit an Déiere kann ee begéinen: enger Fra mat honnertsechsandrësseg Kazen, dem Här Norry Nilles mat deem kee schwätze wëll, dem Dany aus dem 2. Schouljoer mat dem uerge Papp, dem Zauberkinnek Flacki Flick an dem Victor-Freddy Dimmer-Letsch, genannt de Mister Käddikätsch.
D’Nicole aus dem 6. Schouljoer vum 10. Stack an nach aner Kanner erzielen, wat si am léifste wären.
Reim a Prosatexter wiesselen sech of. Op Däitsch heescht d’Buch: Karambo Laasch.