Haut ass deen allerschéinsten Dag
De Bier an de Biber sinn enttäuscht: et reent a si wollten e wonnerschéinen Dag zesumme verbréngen. Kuerzerhand entscheeden si sech dozou, dësen Dag awer zum allerschéinsten Dag ze maachen. Si spillen am Reen, gi schwammen, spille Verstoppches a stelle séier fest: en Dag ass esou schéi wéi een sech e mécht.