Gréidi : Mobbing a Frëndschaft um Éisléker Bauerenhaff
Beim Bauer Jang steet en aalt Päerd – d’Gréidi. Fréier hat d’Gréidi vill um Haff ze dinn, mee haut huet de Bauer Jang en Trakter, dee seng Aarbecht iwwerholl huet. Well d’Gréidi näischt méi ze dinn huet, frësst hatt de ganzen Dag a gëtt ëmmer méi déck. Hatt fillt sech ëmmer méi onwuel a gëtt vun den aneren Déieren ausgelaacht. Mee wien hätt geduecht, datt grad d’Gréidi d’Rettung vum Bauerenhaff géif ginn?