Gebutteks, Geméchels a Klimbim!
Eng Koppel Kréien ass fläisseg am Gaang, hiert Nascht fir den Nowuess virzebereeden. Wéi bis véier perfekt Eeër am Nascht leien, leeë si no a no ëmmer méi Saachen dobäi, well si mengen, hir Kanner wiere soss net zefridden.
Déi gereimte Geschicht mécht de Lieser op eng witzeg Manéier op säi Konsumverhalen opmierksam. Leider stellt de Layout vum Text d’Reimer heiansdo bosseg duer an de Rhythmus vum Virliese kann doduerch gebrach ginn.