Eng Hëllef fir de Kleeschen
De klenge Claude wëll onbedéngt e Kleesche sinn, wann hie bis grouss ass. Dofir fänkt hien elo schonn u mat üben. Hie verkleet sech als Kleeschen a mécht sech mat sengem Schulauchboot an engem Koup Kaddoen op de Wee. Wien hätt geduecht, datt hien ënnerwee dem richtege Kleesche géif begéinen?
D’Buch passt op den hollännesche Kontext, wou de Kleesche mam Boot ukënnt, an net op sengem Schlitt fiert wéi eis Kanner dat kennen. Den Housécker heescht am Buch och Pit an ass e Personnage, dee gär Dommheete mécht.