Eng Hand voll Gléck

De Lee a seng Mamma begéinen enger eeler Damm, déi de Lee ongenéiert freet, wou en hierkënnt, well hie ganz anescht ausgesaït wéi seng Mamm. Et stellt sech d’Fro, wat eng richteg Mamm iwwerhaapt ass. Mat vill Gedold erkläert d’Mamm der Fra, datt hien adoptéiert ass. Déi Wierder, déi si fënnt fir hir Léift zum Lee ze beschreiwen, sinn einfach an ergräifend, a riichten sech éischter un d’Kand wéi un d’Fra. Sou erméiglecht d’Buch et mat jonke Kanner iwwert dat dach komplext Thema vun der Adoptioun ze schwätzen.

  • Autor
    Horsmans, Martine
  • Erscheinungsjahr
    2020
  • ISBN
    978-99959-999-57
  • Cycle
    2, 3
  • Sproochen
    Luxemburgisch
  • Genre
    Bilderbuch
  • Verlag
    Bicherhaischen Editioun
  • Bibliothekskatalog