Eng Foto vum (Klëppel)Krich : Kannertheater-Roman
De Philippe an den Alex sinn zwee déck Kollegen, déi zesummen an enger Klass sinn. Enges Daags kënnt en neie Schüler, de Bujar Murenovic, e Kosovo-Albaner. De Philippe hëlt sech senger un. Si schwätzen net déiselwecht Sprooch, mä si fannen e Wee fir sech ze verstännegen.
Den Alex huet awer esou seng Problemer mat där neier Frëndschaft, déi do entsteet. Dodernieft muss jo och nach fir d’Theaterstéck „Eng Foto vum (Klëppel)Krich” geprouft ginn.