D’Sasha an de Flint : eng magesch Melodie
Et gëtt Hierscht an d’Sascha geet eraus a säi Bamhaus. Wéi hatt do eng wonnerschéi Melodie héiert, mécht et sech op de Wee an de Bësch. Wie séngt dann do esou schéin? Ah, do ass en! Mee wat kann hatt maachen, fir en net ze verjoen? Eng léif Geschicht iwwer Frëndschaft an d’Wichtegkeet vum Deelen.
D’Buch gëtt et och op Franséisch, Däitsch an Englesch.