D’Oinki, d’Quaki an de Fuuss
E Fuuss plënnert am Oinki säin Duerf. All Moies huet hien näischt Besseres ze dinn, wéi ze probéieren, d’Gäns Quaki a säin Dëppen ze kréien, schliisslech ësst hien am léifste Gänsebrot.
D’Oinki a seng Frënn kënnen deem Gejos geschwënn net méi nokucken. D’Quaki deet hinne leed. Do huet d’Oinki eng wonnerbar Iddi, wéi hatt de Fuuss op aner Gedanke brénge kann.