D’Nuecht viru Chrëschtdag am Wonnerland
An der Nuecht viru Chrëschtdag mécht de Chrëschtmann sech op de Wee, fir der Prinzessin am Wonnerland e Kaddo ze bréngen. Mee am Wonnerland ass alles anescht : kee Beemchen, keng Chrëschtdeko, kee Chrëschtdag ?
An da wëllt déi granzeg Häerzkinnigin och nach de Chrëschtmann a seng Rendéieren an hire Prisong stiechen. Huet si dann nach ni eppes vum Fest vun der Léift héieren ?
D’Geschicht mécht vill Uspillungen op d’Buch “D’Alice am Wonnerland”.