D’Haus um Pu-Eck
„Winnie-the-Pooh“ ass e Klassiker vun der englescher Kannerliteratur. De Bier Winni-Pu, wéi en op Lëtzebuergesch heescht, den Teddybär vum Christopher Robin Milne, dem Auteur sengem Bouf, ass ee vun de berühmteste Bieren iwwerhaapt. An duerch d’Kannerbicher tapse vill Bieren!
Mir kënnen an dëse Bicher d’Erliefnesser liese vum Christopher Robin mam Winni-Pu, dem Iesel Iih-Aah, dem Fierkel Tinnchen a villen aneren Déiren.