Den Emil an d’Maschinn
Den Emil ass an der Konschtgallerie, mee hie schéngt d’Konscht net richteg ze verstoen.
Firwat gëtt et e Bild, op deem Auere schmëlzen? Firwat sinn d’Aen net op der richteger Plaz? Him gefält just dat Bild, wat ganz blo ass, well hien den Ozean esou gär huet.
Wéi hien dunn e Stull gesäit a sech drop setzt, bréngt hien op eemol eng komesch Maschinn a Beweegung…