Den Elmar
Den Elmar ass net wéi déi aner Elefanten. Hien ass net gro, mä ganz faarweg karéiert an ëmmer opgeluecht fir eng ze stiichten, ëmmer gutt gelaunt.
Fir endlech auszegesi wéi all déi aner, wenzelt hien sech enges Daags a groe Bier. Am Ufank klappt et jo mat senger Tarnung, awer net laang, da gëtt et dem Elmar ze langweileg. BUH! A schonns wëssen d’Elefanten, datt dat nëmmen den Elmar ka sinn. Et gëtt souvill gelaacht, datt d’Reewollek ugestach gëtt an dem Elmar seng Faarf ofwäscht. Den Elmar gesäit an, datt hie gutt ass, esou wéi hien ass.