Den décken dommen Dudu : e Kannerbuch fir erwuesse Leit
Didier Dusseldorfer! Véier Deeën an engem Numm! Schrecklech! An der Crèche kritt hie gläich den Numm Dudu. Knapps an der Schoul, gëtt hien „décken dommen Dudu“ genannt. Déck ass hien, well hien ëmmer immensen Honger huet. Domm fënnt hien sech awer iwwerhaapt net, hien intresséiert sech just net fir alles, wat an der Schoul gemaach gëtt.
D’Léierin schéckt hie bei de Schoulpsycholog. Elo muss den Dudu all Dag opschreiwen, wat hie gemaach huet, wat hien denkt, wat hien sech wënscht a wat hie fäert.