Dem Kinnek säi Gaart : Kannertheater-Roman
Philippe, Alex a Co. sinn dëst Joer net méi an hirer klenger Schoul um Duerf, mä si sinn an eng grouss Zentralschoul geplënnert. Si musse mat neie Problemer fäerdeg ginn, wéi Erpressung ënnert de Kanner, léieren awer och nei Frënn kennen, zum Beispill de Romain.
Wéi de Philippe enges Daags bei de Romain heemgeet a vu senger Mamm hire Gaart gewise kritt, stellt hien erstaunt fest: Dat ass dem Kinnek säi Gaart, sou wéi d’Theaterstéck, dat si dëst Joer opféieren.