Dem Dracula säin Torchong : eng Hexegeschicht fir Kanner
D’Annihex wunnt mat sengen Elteren, éischter mat senger Mamm, well säi Papp dacks op Rees ass, fir Hexegeschäfter ze maachen, an enger aler Eech. Ëmmer erëm gëtt hatt gewarnt virun de Quexen an de Plexen, datt hatt deenen net ze no komme soll. Mä dem Annihex geet déi enk Welt vun der Eech net duer. Mat sengem Zauberbiesem mécht hatt sech fort a lant virun der Schoul, wou d’Plexekand Linda hatt fënnt. An elo geréit och dem Linda säi Liewe liicht duercherneen.