Déi kleng Prinzessin : ech war dat net!
Et ass Bulli um Buedem, een huet dem Kach säi Schokelaskuch giess, et ass een iwwert dem Gäertner seng Réidercher getrëppelt, d’Schell vum Minister sengem Dräirad ass verschwonn …
An all Kéier soll et déi kleng Prinzessin gewiescht sinn? Der klenger Prinzessin ass dat einfach zevill. Si kräischt a leeft fort fir hire beschte Frënd ze sichen. An dee ka si tréischten …