Déi gréng Piscine am „Ruckelsbësch“ bei Klengliller : e Krimi fir déi Jonk

D’Uertschaft Klengliller ass e wéineg speziell. Speziell an onheemlech ass och de Ruckelsbësch mat der verfalener Villa an hirer Piscine beim Lussefiels.

Enges Daags gesinn dräi Klengliller Kanner, wéi e Frieme sech bei der Villa ophält. Zwou Woche méi spéit schwëmmt eppes um faulzeg-grénge Waasser vun der Piscine. Wat ass dat?

D’Kanner schreiwen dodriwwer en Artikel fir hir Schoulzeitung an domat fänkt d’Opreegung zu Klengliller un.

  • Autor
    Braun, Josy
  • Illustrator
    Molitor, Ronald
  • Erscheinungsjahr
    2005
  • ISBN
    978-2-87962-238-5
  • Cycle
    4
  • Sproochen
    Luxemburgisch
  • Genre
    Kinderbuch
  • Verlag
    Éditions Phi/Philou
  • Bibliothekskatalog