De Wëlle leeft am Bësch
De Charel a säi klenge Brudder Jim verbréngen e verreenten Nomëtteg bei der Bomi. Well si sech langweilen, erfanne si en Abenteuer, dat si am Spill duerch dat ganzt Haus reese léisst.
Eng schéin Erzielung voller Fantasie, mat ville Lëtzebuerger Spréch an Ausdréck, déi geschéckt an d’Geschicht agebaut sinn. Dës Spréch ginn och hannen am Buch kuerz erkläert.