De Schmunzel : eng ko(s)mesch Geschicht
Am Bësch ass e Bam ëmgefall, an do, an enger Kaul, fannen d’Déieren e ganz besonnesche Steen. Dee kann nämlech schmunzelen. Och de Fierschter an den Astrophysiker, den Här Torsa, erkennen, datt dëse Steen eppes ganz Besonnesches ass, souguer vläicht e Meteorit. D’Déiere mussen sech duerfir asetzen, datt de Steen am Bësch stoe bleiwe kann.