De Mister O’Lui sicht d’Gléck
De Biberbier O’Lui huet eigentlech alles fir glécklech ze sinn: e schéint klengt Haischen am Bësch, all Dag eng gutt Schmier an eng Taass Schocki. Mee geet dat wierklech duer, fir esou richteg glécklech ze sinn?
Enges Daags klappt e klengt wëllt Schwéngchen u senger Dier. De Mister O’Lui ignoréiert et a mécht sech aleng op d’Sich nom Gléck. D’Schwéngchen awer geet him no.
Kann et sinn, datt d’Gléck méi no ass, wéi gemengt?