De Leo an den Oktopus
De klenge Leo ass gär eleng mat senge Bicher. D’Welt ass him ze haart an hien huet Méi, déi aner Kanner ze verstoen.
Hie fillt sech wéi um falsche Planéit – bis hien am Aquarium dem Oktopus Maya begéint. Hatt gesäit aus wéi en Ausserierdeschen an ass ganz intelligent. Vläicht kéinten si jo Frënn ginn?
Eng besonnesch Geschicht ronderëm d’Gefiller vun engem Kand mat Asperger-Syndrom.