De Jimmy wëllt just nach Spaass
Haut huet de Jimmy guer keng Loscht ze schaffen. Hien decidéiert, vun elo un nëmmen nach Spaass ze hunn. An esou séngt hie mat de Villercher, klunscht mat den Afen, a geet mat de Pohunne spadséieren.
Hien huet esouvill Furri, datt hien net emol mierkt, datt en hongreg, duuschtereg a voller Fléi ass…