De Jimmy – Ass hei ee verléift?
Haut ass Vältesdag an de Jimmy ass granzeg. Iwwerall gëtt gekuschelt, sech déif an d’Ae gekuckt an esouguer gekësst. Hie fënnt dat alles immens blöd.
Mee lues a lues versteet hien, datt et vill Manéiere gëtt, fir ee gär ze hunn an datt et schéin ass, engem dat och ze weisen.