De Griss : Roman fir Jonker

D’Lucie, de Pol, den Tonio an den Yves sinn am fënnefte Schouljoer. Si hu sech eng Kartongsbud an deem ale Bauer Griss senger Wiss opgeriicht. Dat ass eng gutt Stopp matten an den Hecken. Vun do aus kënnen d’Kanner och emol bei de Griss Äppel klaue goen. De Griss geet bal net méi baussen d’Dier, an et ginn am Duerf allerhand bosseg Geschichten iwwert hien erzielt. 

D’Kanner léieren hien dann awer kënnen an entdecken e ganz besonnesche Mënsch. De Griss erzielt hinne vill Geschichten aus sengem Liewen.

  • Autor
    Groeber, Gast
  • Erscheinungsjahr
    2010
  • ISBN
    978-2-87967-169-7
  • Cycle
    4
  • Sproochen
    Luxemburgisch
  • Genre
    Kinderbuch
  • Verlag
    Op der Lay
  • Bibliothekskatalog