De Benny Bonsai geet sech rächen
Bonsai-Beem sinn net méi grouss wéi Blummen. „Wär et net schéin”, soten sech e puer Fuerscher, „wann et Elefante giff ginn, déi kleng genuch wären, fir ënnert dëse Beem spadséieren ze goen?” D’Fuerscher hunn also ganz kleng Elefanten erfonnt.
Ee vun deene butzegen Elefanten ass de Benny Bonsai. D’Marie an de Carlo kafen hien an engem Déierebuttek. Bei de Kanner doheem gëtt vill gespillt an de Benny Bonsai mécht sech och nëtzlech, wou hien nëmme kann. Wann do net den Noper Granzeg wär!
Am Buch steet den Text och op Däitsch an op Franséisch.