Charly
De klenge Sheriff Charly huet säin éischte Mauszant verluer an e stéisst sech duerfir ganz staark beim Schwätzen.
Dat mécht et fir hien net esou einfach, d’Raiber am Cactus-Dällchen ze fänken. Déi verstinn hien net a laache sech futti. De Charly verléiert de Courage.
Wat soll hien nëmme maachen, fir sech Respekt ze verschafen?