Bommel
Fir eng Kaz ass de Wanter net déi beschte Joreszäit. Och de Kueder Bommel huet d’Fréijoer léiwer. Da kann hie mam Trixi, der schéinster Kaz vun der Welt, spadséiere goen. Hie ka sech och emol bei de Weier leeën an op e Fësch laueren. Do zitt jo net de Bommel mat senger Patt e Fësch aus dem Waasser. Hie freet sech op de gudde Maufel. „Maach et net, ech erzielen der och eng schéi Geschicht!”, rifft de Fësch. An elo geet et lass mat enger Hellewull Geschichten iwwert d’Liewen am Waasser.