Applaus Theaterspiller

Theater an der Schoul ass méi wéi just Theater!

Mir spillen ee ganze Schouldag zesummen Theater. Vill verschidden Exercicer an Übunge

mat villfältegen Objektiver an Ziler, ganz spilleresch an intuitiv. Theater an der Schoul ass

nämlech méi wéi just Theater. Mir entdecken a fërdere wichteg Schlësselkompetenzen déi

mir och an anere Fächer, an iwwerhaapt och an eisem Liewen allgemeng, uwende kënnen.

Sech trauen, sech vertrauen, deem aneren trauen a vertrauen
Spaass zesummen hunn a sech an déi Aner respektéieren
richteg kommunizéieren, sech positiv a kritesch austauschen, seng Meenung soen
präsent an iwwerzeegent sinn
virun anere schwätzen, seng Angscht akzeptéieren an Dës an de Grëff kréien
konzentréiert sinn a seng Konzentratioun selbstänneg a responsabel steiere léieren
aner Rollen a Charakteren ausprobéieren
de Kierper aktivéieren a sech bewosst beweegen
kreativ Iddien hunn, improviséieren a sech fräi fillen
als Klass zesummewuessen, zesumme laachen
stolz op sech sinn, seng eegen Erwaardungen iwwertreffen
Applaus ginn a kréien
sech weiderentwéckelen an a sengem Schoulalldag wuessen

Den Atelier inspiréiert sech un der Iddi vun engem Gesellschaftsspill wou et zousätzlech och spilleresch drëms geet Punkten ze sammelen a verschiddenen Themeberäicher vun der Theaterpedagogik. D’Klass an och d’Léierpersoun sollen um Enn nei Pisten hu fir hire Schoulalldag villsäiteg ze beräicheren.

Weltverdeelungsspill

Weltkaart “Perspektiven änneren”

Alter: Jonker ab 13 Joer

Sprooch: Däitsch (liicht un aner Sproochen unzepassen)

Thema: Global (On)Gläichheet

D’Weltspillbrett ass méi wéi just eng Weltkaart. Säin Design erliichtert eng zougänglech Perspektivewiessel a mécht global Konditioune sichtbar. Et ka fir verschidden Theme benotzt ginn a villfälteg an der pädagogescher Aarbecht benotzt ginn. Presentéiert an der Peters-Projektioun, déi d’Fläch genee reflektéiert, encouragéiert et d’Participanten direkt zum Nodenken an Diskussiounen.

Zousätzlech Moduller kënnen ofhängeg vun der virgesinner Notzung ëmgesat ginn. D’Schüler verdeelen sech selwer oder d’Markéierungen op der Weltkaart:

  • Wéi ass d’Weltbevëlkerung iwwer déi verschidde Kontinenter verdeelt?
  • Wou ass de meeschte Räichtum?
  • Wou gëtt de meeschten CO2 emittéiert?
  • Wou gëtt et Ëmweltkatastrophen, déi duerch d’Klimakris verschäerft ginn?
  • Wou sinn déi meescht Ressourcen ze fannen?
  • Wien verbraucht déi meescht Ressourcen? etc.

Materialien déi een am CITIM kann ausléinen :

  • Weltspillbrett
  • Handout
  • Moduller
  • Hittercher

D’Spill kann och ouni dës Materialien duerchgefouert ginn. D’Weltkaart gëtt ersat duerch Schëlder mat den Nimm vun de Kontinenter, d’Schüler selwer sinn d’Mënschen a Still representéieren de Räichtum.

En Erklärungsvideo gëtt nach verlinkt!

FAI YOUNG ARTISTS CONTEST 2027

Thema 2027: „Mäin éischten Internationalen Dag vum Loftsport“

De 14. Oktober 1905 ass d’FAI gegrënnt ginn. D’Welt huet ugefaangen dovun ze dreemen, duerch eis Passioun fir de Sport den Himmel ze erueweren. Fir d’éischte Kéier gëtt dësen Datum als Internationalen Dag vum Loftsport gefeiert.

Stell dir e mageschen Dag vir, un deem d’ganz Welt an den Himmel kuckt, fir de Loftsport ze feieren.

Vum Segelfluch iwwer de Bau bis hin zum Pilotéiere vu Loftgefierer erfuerschen d’Mënschen zanter 121 Joer d’Fléien. De Loftsport huet sech zanterhier zu enger Onmass un Ausdrocksformen entwéckelt.

Wéi géifs du en Dag verbréngen, dee ganz am Zeeche vum Loftsport steet?

Wat géifs du net nëmmen um Himmel, mee och an denger Noperschaft gesinn?

Wat géifen d’Leit zesumme maachen?

Weis eis deng Fantasie a mol deng eege Geschicht.

Looss deng Konscht ofhiewen an huel eis mat an däin alleréischten Internationalen Dag vum Loftsport.

FAI Young Artists Contest 2027

Ciné-Débat : Sur le Champ!

Alors que plus de 800 millions de personnes souffrent toujours de la faim et que la planète s’épuise, la solution pour nourrir l’Humanité n’est pas de produire plus mais de produire mieux.

En marge de l’agrobusiness, de plus en plus d’acteurs, tant au Sud qu’au Nord, s’orientent vers un modèle alternatif crédible : l’agriculture familiale durable.

« Sur le champ ! » nous emmène à la rencontre de Cédric, Diamar, Mariam. Des paysannes et paysans qui, aux quatre coins du monde, nous montrent qu’avec force et conviction, des femmes et des hommes proposent, chacun à leur échelle, une alternative !

Le documentaire peut être visionné en français, en espagnol ou en sous-titré anglais. L’animation peut se faire dans ces trois langues, et aussi en allemand.

Iles de Paix vous propose d’organiser une séance au sein de votre école, suivie de plusieurs options à convenir ensemble : cela peut aller d’un échange avec un intervenant (agriculteur) à un débat mouvant avec vos élèves, en passant par la visite d’une ferme, ….

E Kinosbesuch

E Film am Kino erliewen ass eng kollektiv Erfarung.

An Zesummenaarbecht mat der Union luxembourgeoise de la production audiovisuelle (ULPA) bitt de CNA eng Auswiel vu Filmer un, déi zu Lëtzebuerg (co-)produzéiert goufen a fir e jonkt Publikum geduecht sinn. Virféierunge kënne vum pedagogesche Service vum CNA, vu Membere vum Filmteam oder vun Experte vun de jeeweilegen Theemen organiséiert ginn. Presskits an/oder Léiermaterial ginn de Léierkräften zur Verfügung gestallt.

De Filmkatalog kann hei erofgeluede ginn: https://www.cinestarlight.lu/en/info/school-screenings

Let’s talk about Sex!

Sexualitéit ass e natierlechen Deel vum Liewen a stellt vill Froen, besonnesch am Jugendalter. Dëse Workshop bitt en oppenen an ënnerstëtzende Raum, fir dës Themen ze diskutéieren, Virurteeler erauszefuerderen an zouverlässeg Informatiounen iwwer Sexualitéit a Bezéiungen ze kréien.

Duerch Diskussiounen, an interaktiv Aktivitéiten kënnen jonk Leit verschidde Themen entdecken, wéi de Kierper an d’Verännerungen an der Pubertéit, Emotiounen a Bezéiungen, Attraktioun, Konsens, perséinlech Grenzen, verschidde sexuell Orientatiounen a Geschlechteridentitéiten, Verhiddung, sexuell iwwerdroen Infektiounen, Pornografie an éischt sexuell Erfarungen. Dëst Themen gi méi oder manner behandelt, je no Froen a Besoin vun der Klass!

D’Zil ass et, jonke Leit ze erméiglechen, hir Onofhängegkeet, hiert kritescht Denken an hir Fäegkeet, informéiert Entscheedungen ze treffen, z’entwéckelen, an dobäi Bezéiungen op Basis vu Respekt fir sech selwer an anerer ze fërderen.

Red flags, green flags : Bezéiungen a Konsens!

Wéi kann een eng gesond Bezéiung erkennen? Wat ass eng ‘red flag’? Wou fänken meng Grenzen un, a wéi kann ech erkennen, ob d’Grenzen vun der anerer Persoun respektéiert ginn?

Duerch konkret Situatiounen, Diskussiounen an interaktiv Aktivitéiten kënne déi Jonk iwwer romantesch a sexuell Bezéiungen nodenken, iwwer Verhalen, déi eng gesond Bezéiung fërderen, an iwwer déi, déi Suergen ausléise oder toxesch sinn. De Workshop adresséiert och Konsens, perséinlech Grenzen, Kommunikatioun, Respekt, Vertraue an d’Recht, seng Meenung ze änneren.

D’Zil ass et, jonk Leit dobäi ze hëllefen, d’Zeechen vun enger gesonder oder ongesonder Bezéiung z’identifizéieren, hir eege Grenzen besser ze verstoen, d’Grenzen vun aneren ze respektéieren an d’Kompetenzen z’entwéckelen, déi néideg sinn, fir Bezéiungen op Basis vu Respekt a Zoustëmmung opzebauen.

Let’s talk about Sex!

Sexualitéit ass e natierlechen Deel vum Liewen a stellt vill Froen, besonnesch am Jugendalter. Dëse Workshop bitt en oppenen an ënnerstëtzende Raum, fir dës Themen ze diskutéieren, Virurteeler erauszefuerderen an zouverlässeg Informatiounen iwwer Sexualitéit a Bezéiungen ze kréien.

Duerch Diskussiounen, an interaktiv Aktivitéiten kënnen jonk Leit verschidde Themen entdecken, wéi de Kierper an d’Verännerungen an der Pubertéit, Emotiounen a Bezéiungen, Attraktioun, Konsens, perséinlech Grenzen, verschidde sexuell Orientatiounen a Geschlechteridentitéiten, Verhiddung, sexuell iwwerdroen Infektiounen, Pornografie an éischt sexuell Erfarungen. Dëst Themen gi méi oder manner behandelt, je no Froen a Besoin vun der Klass!

D’Zil ass et, jonke Leit ze erméiglechen, hir Onofhängegkeet, hiert kritescht Denken an hir Fäegkeet, informéiert Entscheedungen ze treffen, z’entwéckelen, an dobäi Bezéiungen op Basis vu Respekt fir sech selwer an anerer ze fërderen.

Vu wou kommen d’Bébéen?

Vu wou kommen d’Bébéen? Wéi fänken se un ze wuessen? Wat geschitt am Bauch vun der Mamm? A wéi ginn se gebuer?

An dësem Workshop léieren d’Kanner op eng einfach, altersgerechte Manéier, wéi eng Schwangerschaft ufänkt, wéi e Puppelchen an der Gebärmutter sech entwéckelt a wéi et gebuer gëtt. Mat Hëllef vun pädagogesche Materialien erkläre mir d’Grondlagen vun der Reproduktioun, d’Eezellen an d’Spermien, d’Schwangerschaft an d’Gebuert.

De Workshop leet och grousse Wäert op d’Froe vun de Kanner, an engem ënnerstëtzenden Ëmfeld, wou jidderee sech fräi auszedrécke kann, säi Wëssen deele kann a passend, oppen Äntwerten ze kréien.

D’Zil ass et, de Kanner ze hëllefen, hiren eegene Kierper besser ze verstoen, wéi e Puppelchen sech entwéckelt an déi verschidde Phasen vun der Gebuert, mat Informatiounen, déi op hiert Alter an hieren Entwécklungsstand ugepasst sinn.

Mäi Kierper gehéiert mir!

Eisen Atelier “Mäi Kierper gehéiert mir!” soll Kanner doran bestärken op hiert Bauchgefill ze lauschteren, ze verstoen, dass et Kierpergrenzen ginn an dass se diefen Hëllef froen wann hier Grenzen net repektéiert goufen.

Den Atelier besteht aus dräi Deeler:

  • Enger Virstellungsronn wou d’Kanner mat Emotiounskaarten hiert Gefill kënne matdeelen;
  • Een Haaptdeel, deen doranner besteht op engem Ëmrëss vun engem Mënsch, dee mir op ee Blat molen, kënne gréng/roud Stickeren ze pechen fir Grenzen a Limiten op hierem Kierper ze visualiséieren;
  • Als Ofschloss kuke mir mat de Kanner e Buch wat dat, wat mir bis dohi gekukt hunn nach eng Kéier widderhëllt an d’Kanner lues a lues bekräftegt ganz haart “Nee” ze soen.

D’Ziiler vun dësem Atelier sinn:

  • Grenzen vu mengem Kierper ze erkennen an auszedrécken;
  • Grenzen vun deenen aneren ze respektéieren;
  • meng Gefiller ze erkennen an auszedrécken;
  • meng Kierperdeeler richteg ze bennen;
  • ze wëssen wat “privat” an “intim” bedeit;
  • ze wëssen ween mäi private Beräich upaacken dief a wéini;
  • ze wëssen bei weem ech no Hëllef froe kann, ween meng Vertrauenspersounen sinn;
  • Nee soe ze kënnen.