Kultur,
Konscht
& Patrimoine

Culture, arts, patrimoine, expression et créativité.

Wëllkomm op Kulturama

Kulturama ass e Projet fir kulturell Bildung zu Lëtzebuerg. De Projet verbënnt d’Welt vun der Bildung mat der Welt vun der Kultur a mécht kulturell Institutioune wéi och individuell Offere vu Kënschtlerinnen a Kënschtler op enger zentraler Plaz accessibel. Gläichzäiteg informéiert d’Plattform iwwer Méiglechkeeten, fir kënschtleresch Interventiounen a kreativ Projeten an d’Schoul oder SEA-Struktur ze bréngen.

Kulturama hëlleft bei der Sich no kreative Projeten, Visitten a kulturellen Aktivitéiten, a fërdert de Kontakt tëscht den Acteuren aus der nationaler Educatioun an de Kulturschafenden.

Kulturama riicht sech virun allem u Léierpersounen, Kanner a Jonker. Et ginn awer och all Acteure vun der non-formaler Bildung viséiert, déi sech fir Projeten interesséieren, bei deene sech Bildung a Kultur begéinen. Kulturama ënnerstëtzt d’Entwécklung vu kreative Projeten mat Kanner a Jonken, a mécht d’kulturell Landschaft zu Lëtzebuerg fir jiddereen erliefbar.

Kulturama ass e gemeinsame Programm vum Ministère de la Culture an dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE). E gëtt vum SCRIPT geréiert. Am Kader vun dëser Zesummenaarbecht gi kulturell Projeten an de Schoulen an SEA Strukturen ënnerstëtzt, fir d’kulturell Bildung ze stäerken an de Kanner a Jugendlechen den Zougang zu Konscht a Kultur ze erliichteren.

Am Kader vu Kulturama kënnen individuell Projete vu Léierpersounen/ Acteuren vun SEA Strukturen an/oder de Schoulen/ SEA Strukturen ugefrot ginn. Kënschtlerinnen a Kënschtler souwéi kulturell Acteure kënne sech op déi entspriechend Ausschreiwunge mellen, fir dës Projeten an Zesummenaarbecht mat de Schoulen oder SEA Strukturen ëmzesetzen. Sou entstinn innovativ pedagogesch Initiativen, déi kreativ Prozesser fërderen an d’Kanner an d’Jonk un d’Kultur eruféieren.

Am Laf vum Joer 2027 gëtt Kulturama an Extraklass integréiert. D’Demande vu Projeten, d’Ausschreiwung an d’Ëmsetzung vun de Kulturama-Projete wäerten dann zentral iwwer Extraklass geréiert ginn.

 

Wéi funktionéiert Kulturama?

Fir Léierpersounen

Fir Artist:innen / Expert:innen

Bis zur Transitioun

Bis zur Transitioun bleift déi aktuell Prozedur bestoen. Informatiounen zum aktuelle Prozess an zu den Demarchë fannt Dir wéi gewinnt op der Websäit vu Kulturama.