Beweegung a Sport
De Fokus vun dësem Sticker läit op Beweegung a Sport.
E beschreift Aktivitéiten, déi drop ofzile Loscht a Freed un der Beweegung ze ginn, verschidde Sportaarten ze promouvéieren an esou e gesonden Ausgläich am Alldag z‘erméiglechen. E setzt op individuell Leeschtung, grad ewéi op Kooperatioun a begleet an der Entwécklung vu kierperleche Fäegkeeten, mä och beim Aschätze vun eegene Grenzen.
Mentaalt Wuelbefannen
De Fokus vun dësem Sticker läit um mentale Wuelbefannen.
E beschreift d‘Offeren, déi drop ofzielen e gesond perséinlecht Gläichgewiicht ze fannen andeems een Emotiounen erkennt a reguléiert, den Ëmgang mat Stress léiert a Resilienz opbaut fir esou de Selbstwäert ze stäerken.
Gesond Iessen
Dëse Sticker ëmfaasst all d’Aspekter ronderëm gesond Iessen.
En huet zum Zil, d’Participanten ze sensibiliséieren an z’ënnerstëtzen fir sech méi bewosst an ausgeglach z‘ernieren, iwwer seng Iess- an Drénkgenwunnechten nozedenken a verantwortungsbewosst mam eegene Kierper ëmzegoen.
Sécherheet a Präventioun
Dëse Sticker ëmfaasst all d‘Aspekter ronderëm Sécherheet a Präventioun.
En huet zum Zil, datt d’Participante Geforen erkennen a Risiken aschätzen, domat si kënne präventiv a verantwortlech handelen an esou e séchert Behuelen am Alldag entwécklen. Deels geet et drëm hiert Verständnes ëm Tabuthemen an/oder hier Strategien am Ëmgang domat ze fërderen.
Affektiv a sexuell Erzéiung
Dëse Sticker ëmfaasst all d‘Aspekter ronderëm affektiv a sexuell Erzéiung.
En huet zum Zil, de Participanten hiert Verständnes betreffend Gefiller a Bezéiungen ze verbesseren, Respekt, Empathie an Averständnes héichzehalen an domat kierperlech a perséinlech Grenzen ze respektéieren.
Gläichstellung an Diversitéit
Dëse Sticker ëmfaasst all d‘Aspekter ronderëm Gläichstellung an Diversitéit.
En huet zum Zil, de Participanten hiert Verständnes betreffend Gläichstellung an Diversitéit ze verbesseren, well all Kand sech akzeptéiert, respektéiert a gläichwäerteg fille soll. D’Kanner léieren, datt Ënnerscheeder normal sinn an datt jidderee seng Stäerkten a seng Plaz an eiser Gesellschaft huet.