TAKE OFF -Klassenchallenge

Dir kennt se sécher: d’Take Off Show! D’Science Challenge Show vu Lëtzebuerg, an där Jonker kniwweleg Aufgabe léise mussen.

Mir bréngen d’Challengen aus der Show an Är Klass! (kuckt Iech hei un, ëm wat et geet).
Dir kritt eng Këscht mat all de néidege Materialien an Är Klass muss zesummen als Team déi beschte Léisung fir e Problem sichen, an dës dann ëmzesetzen. Dobäi léieren si dann nach ganz niewebäi wëssenschaftlech Phänomener kennen. D’Theeme behandele genausou Naturwëssenschaften ewéi och Ingenieurswëssenschaften. A natierlech gëtt et och eppes ze gewannen! Eng Coupe als Undenken an eng exklusiv Visite am Mr. Science/Take Off Labo mat flotten Experimenter an Challengen!

Wéi funktionéiert dat elo mat dësem Take Off Klassenchallenge?

  1. Dir schreift Är Klass ab dem 15. November hei an! Dir kënnt Iech bis de 14.12.2026 umellen. Mee déi éischt 30 Klassen si fir !
  2. All Klass kritt vun eis eng Këscht mam ganze Material fir d’Challenge ze léisen. Dir musst also selwer näischt besuergen!
  3. Dono luede mir den 04.01.2027, de 15.02.2027 an de 12.04.2027 jeeweils e neien Challenge erop. Är Klass huet dann 6 Wochen Zäit, fir d’Challenge ze léisen.
  4. All Challenge ass an e puer Schoulstonne machbar, mee Dir hutt déi komplett 6 Wochen zur Verfügung, wann Dir méi laang drun tüftele wëllt.
  5. Als Beweis, datt Dir den Challenge gepackt hutt, musst Dir eis en Handy Video per swisstransfer zoukomme loossen, matt deem mir jugéiere kënnen, wéi eng Klass d’Challengen am beschte geléist huet a soumat de Klassenchallenge gewënnt.

D’Challengë si fir all Alter machbar an intressant, dat heescht all motivéiert Klassen aus dem Secondaire kënnen deelhuelen. Weist eis, wat Dir kennt! An denkt wgl. drun: d’Umeldung leeft vum 15. November bis den 14. Dezember.

Kontakt bei Froen:
isabelle.schmartz@men.lu (Organisatioun an Oflaf)
joseph.rodesch@fnr.lu / lucie.zeches@fnr.lu (wëssenschaftleche Contenu an Challengen)

Virliesconcours 2027

De Virliesconcours riicht sech u Kanner aus dem Cycle 4.  An der Klass, der Schoul, regional an dann national qualifizéiert sech d’Gewënnerkand fir déi nächst Etapp. Et geet drëm dass d’Kanner 1 Extrait aus engem Kannerbuch virbereeden an deen esou flott wéi méiglech virliesen.E Jury bewäert hir Leeschtung an decidéiert ob se 1 Etapp weiderkommen

An der Klass an der Schoul geet et ëm 1 Virliessprooch (Lëtzebuergesch, Daitsch oder Franséisch), vun der regionaler Véierelsfinall u kënnt en 2. Virliessprooch derbai (Lëtzebuergesch, Daitsch, Franséisch oder Englesch). Vun do u kréien d’Kanner hir Texter och imposéiert.

Dënn Ofschloss mécht déi national grouss Finall zu Esch am Ariston den 29.06.2027, an där déi 8 bescht VirlieserInnen live géinteneen untrieden.

Den Enseignant an de Schoulbibliothecaire ënnerstëtzen d’Kand beim Concours z.B. mat Tipps zum Virliesen an der Wierl vun engem Extrait.

De Schoulbibliothecaire mëllt de/d’SchoulgewënnerIn bis de 05.02.2027 hei iwwer Extraklass un.

 

Design-Concours fir een offiziellen Timber am Kader vun Gen-E 2027

Däin Design op engem offizielle Timber? Elo ass deng Chance!

Zesumme mat POST Luxembourg a mat der Ënnerstëtzung vum SCRIPT sicht Jonk Entrepreneuren Luxembourg den Design fir en exklusiven Timber, deen am Mee 2027 am Kader vu Gen-E erauskënnt. Gen-E („Generation Entrepreneurship”) ass de gréisste Festival fir jonk Entrepreneuren an Europa, an en ass am Juli 2027 fir d’éischt Kéier zu Lëtzebuerg!

De Concours riicht sech u Schülerinnen a Schüler aus dem Secondaire, déi méi al wéi 15 Joer sinn. Fir matzemaachen, muss een einfach säi Virschlag bis den 22. November 2026 areechen. Nieft der Chance, säin Design op engem offizielle Timber ze gesinn, ginn et och flott Präisser ze gewannen:

  • 1. Präis: 750 €
  • 2. Präis: 500 €
  • 3. Präis: 250 €

D’Illustratioun ka an all Stil gestalt ginn (realistesch, grafesch, Manga …), soll awer d’Theme vu Gen-E opgräifen an e Bezuch zu Lëtzebuerg hunn. D’Theme vu Gen-E sinn Entrepreneuriat, Resilienz, Innovatioun, Kreativitéit a Kollaboratioun.

Konschtenseignanten kënnen och mat hirer ganzer Klass matmaachen, a Gruppe vu maximal dräi Schüler pro Design.

D’Konditiounen a weider Informatioune fannt Dir hei: https://jonk-entrepreneuren.lu/fr/concours-timbre-gen-e/

Vill Gléck!

We decide! Adventure Lab

Luxembourg has a long tradition of feminist resistance. Unfortunately, however, many of us know nothing about it. This Adventurlab takes you through various feminist debates throughout our history. You will also learn about organisations and individuals who have played important roles within them. At each stop, a different aspect of the struggle for equality and the right to self-determination for all, is highlighted. It becomes clear that this fight is not over yet and that the concerns of our feminist ancestors remain relevant to this day.

The order in which you visit the stops can be chosen freely. However, we recommend starting at the Casemates (Location Melusina) and working your way into the upper parts of the city. We hope you enjoy exploring and learning!

This adventure is a project by CID | Fraen an Gender with financial support from the Ville de Luxembourg

Art Challenge

L’Art Challenge est un concours artistique organisé par BEE SECURE pour les jeunes de 12 à 29 ans. Seuls ou en groupe, les participants sont invités à exprimer leur vision des réseaux sociaux à travers une création libre : dessin, peinture, photo, vidéo, texte, création numérique, etc.

Hoops 4 Schools @ SEA

Hoops For Schools bitt eng lëschteg a aktiv Approche fir Basketball an den Alldag vun de Kanner an de Schoulen an an der Kannerbetreiung z’integréieren. Duerch Aktivitéiten, déi op Kanner zougeschnidde sinn, fërdert de Programm d’Freed u kierperlecher Beweegung, d’Entwécklung vun de motoresche Fäegkeeten, d’Adoptioun vun engem aktive Liewensstil an d’Sammele vu sozialen a perséinleche Fäegkeeten.
Am Aklang mat de Prinzippie vun der non-formeller Bildung betounen d’Aktivitéiten d’aktiv Participatioun vun de Kanner, d’Léieren duerch Erfarung, d’Zesummenaarbecht, d’Onofhängegkeet an de Spaass. Basketball gëtt als pädagogescht Instrument agesat, dat de Kanner erlaabt, duerch Spill ze entdecken, ze experimentéieren an ze léieren, an engem Kader, deen einfach un hir Besoinen, hieren Alter an hieren Entwécklungsstand ugepasst ka ginn.
Pädagogesch a Betreiungspersonal huet einfachen Zougang zur Webapplikatioun Hoops For Schools, eng gratis a intuitiv Plattform. Si bréngt eng Räichheet u Ressourcë vu Basketball 4 Good an Discover Basketball zesummen a bitt Aktivitéiten, déi direkt am Alldag vun enger Kannerbetreiungsstruktur agesat kënne ginn.
Mat Hoops For Schools gi kierperlech Aktivitéit, Spill a Léieren Hand an Hand. D’spilleresch Natur vum Programm gëtt duerch e Gamifizéierungssystem weider gestäerkt: deelhuelend Organisatioune kënne Punkte sammelen a verschidde Beloununge fräischalten, wann si matmaachen. D’Programm hëlleft domat, positiv Erfarunge ronderëm kierperlech Aktivitéit ze schafen, an inspiréiert d’Kanner dozou, sech ze beweegen, deelzehuelen an zesummen nei Saachen ze entdecken.
Weider Informatiounen iwwer de Programm sinn op der offizieller Hoops For Schools-Websäit verfügbar: https://hoopsforschools.basketball/hoops-for-schools/

(R)éveil Humanitaire – le challenge inter-lycées

(R)éveil Humanitaire est un challenge inter-lycées répondant à un objectif essentiel : révéler le pouvoir d’agir de vos élèves en mettant en relation action locale et crise humanitaire négligée.

À l’occasion de la rentrée scolaire 2026-2027, Médecins Sans Frontières (MSF) Luxembourg lance une nouvelle édition de son concours (R)éveil humanitaire et invite les classes supérieures des lycées du Grand-Duché à relever un défi de sensibilisation autour d’une crise humanitaire souvent négligée. Cette année, les élèves seront invités à s’intéresser aux maladies Ebola et à imaginer leur propre campagne pour mieux faire connaître cette crise et ses enjeux.

Les inscriptions sont ouvertes dès à présent et jusqu’au 30 octobre inclus, n’attendez plus !

En transmettant une partie de sa mission de témoignage aux élèves, MSF leur propose de devenir acteur·rices de leur apprentissage en préparant une campagne de sensibilisation. Les équipes de MSF les accompagnent tout au long du concours, avec notamment une présentation détaillée du sujet, des ressources, un calendrier et des conseils au fur et à mesure de l’avancement de leurs projets. Le challenge est proposé en français ou en anglais.

Le détail de l’offre sur Extraklass : (R)éveil Humanitaire – le challenge inter-lycées – Extraklass

Juvenes Translatores 2026-2027

EU-WÄITE IWWERSETZUNGSCONCOURS FIR SCHÜLER:INNEN

Léif Léierinnen a Léierer,

den Iwwersetzungsconcours Juvenes Translatores feiert dëst Joer säi Jubiläum: De 26. November 2026 kréien 17-järeg Schülerinnen a Schüler schonn zum 20. Mol d’Geleeënheet, hiert Sproochtalent ënner Beweis ze stellen.

Registréiert Är Schoul tëscht dem 1. September an dem 12. Oktober a gitt Äre Schüler:innen d’Méiglechkeet, un eisem beléifte Concours deelzehuelen. Ze gewanne gëtt et eng Rees op Bréissel, wou de Gewënner oder d’Gewënnerin aus éischter Hand erliewe kann, wat et heescht, fir d’EU ze iwwersetzen.

All Joer iwwersetzen nees ronn 3.000 Schüler:innen an der ganzer EU en Text vun enger Säit an eng vun den 24 Amtssprooche vun der EU.

Zil vum Concours ass et, d’Léiere vu Sproochen an d’Iwwersetzen ze fërderen an e jonkt Sproochtalent ze inspiréieren. Well am Sproochenunterrecht léiere jonk Leit Kompetenzen, déi fir Mobilitéit, Zesummenaarbecht a Verständnes iwwer d’Grenze vun de Länner eraus onëmgänglech sinn.

D’Quelltexter vun dësem Joer sinn dem Programm Erasmus+ gewidmet, deen zanter 40 Joer Verbindungen hierstellt an d’Liewe beräichert.

D’Iwwersetzerinnen an Iwwersetzer vun der Europäescher Kommissioun bewäerten d’Iwwersetzunge vun Äre Schüler:innen a wielen eng:n Gewënner:in fir all EU-Land aus. Déi 27 Gewënner:innen ginn d’nächst Fréijoer a Begleedung vun enger Léierkraaft a bis zu zwee Elteren op d’Präisiwwerreechung am Sëtz vun der Europäescher Kommissioun zu Bréissel invitéiert.

Schüler:innen, déi zwar net gewonnen hunn, deenen hir Iwwersetzungen awer och ganz gutt waren, kréien eng „besonnesch Ernimmung“ (special mention). Am Fréijoer 2027 ginn si op Online-Tutoriale mat Studéierender invitéiert, déi um European Master’s in Translation deelhuelen. Dobäi kréie si d’Geleeënheet, méi iwwer Sproochen- an Iwwersetzungsstudien an déi domat verbonne Beruffsperspektiven ze léieren.

Ech wëll Iech häerzlech dozou alueden, Äre Schüler:innen d’Chance ze ginn, un dësem EU-weete Concours deelzehuelen. Weider Informatioune fannt Dir um Informatiounsblat am E-Mail-Uschlëss.

De Concours ass ganz beléift, soudatt leider net all interesséiert Schoulen deelhuele kënnen. Sollt Är Schoul net ausgewielt ginn, kritt Dir vun eis eng alternativ Offer am Kader vum Juvenes Translatores. Weider Informatioune kritt Dir per E-Mail, wann Dir Iech fir de Concours registréiert.

Wann Dir méi iwwer d’Iwwersetzung an d’Multilingualismus an der Europäescher Kommissioun gewuer gi wëllt, besicht w.e.g. eis Websäit a suivéiert eis op de soziale Medien.

Concours Crème Fraîche

De Crème Fraîche ass ee Videoconcours vum Service national de la jeunesse (SNJ) an dem Centre national de l’audiovisuel (CNA) a gëtt am Kader vum Luxembourg City Film Festival organiséiert. D’Matmaachen ass gratis.

An 3 Kategorien (Video 90” – Dréibuch 1.0. – Zenario+) hu Jonker tëschent 12 an 30 Joer aus Lëtzebuerg d’Méiglechkeet Deel huelen:

  1. Kategorie Video 90”: Praktesch Ëmsetzung vu visuelle Konzepter a Medienbildung (ideal fir d’Fächer wéi “Éducation artistique” an “Éducation aux médias”);
  1. Kategorie Dréibuch 1.0. an Zenario+: Fuerderung vun der Schreif.- a Sproochkompetenz (ideal fir de Sproochecours am Lëtzebuergeschen, Däitschen, Franséischen oder Engleschen).

Wichteg Datumer fir déi aktuell Editioun:

  • Asendeschluss (Deadline): 8. Februar 2027
  • Event mat Präisiwwerreechung: 6. Mäerz 2027 am Kinepolis Kierchbierg (organiséiert am Kader vum Luxembourg City Film Festival)

De Projet bitt dem Léierpersonal eng motivéierend Méiglechkeet, fachiwwergräifend Schaffen, Teamwork an digital Kompetenzen am Cours lieweg ze vermëttelen. Vu datt d’Virbereedungsphas oft am Laf vum Schouljoer stattfënnt, ass den Zäitraum ideal fir d’Abannen an de Cours.

Méi Informatiounen an d’Regelen vum Concours fannt Dir op https://creme-fraiche.lu

Hoops 4 Schools

Hoops For Schools verwandelt d’Léieren an aktive Spaass. Mat Basketball-thematiséierten Übungen hëlleft de Programm de Kanner, hir physesch Fäegkeeten opzebauen. De Programm gëtt zum ideale Begleeder fir gesond Gewunnechten a sozial Fäegkeeten an der Klass ze entwéckelen. Enseignanten hunn einfachen Zougang zur Hoops For Schools WebApp, enger gratis a benotzerfrëndlecher Plattform. An der WebApp fënnt een eng Rei Ressourcë vu Basketball 4 Good an Discover Basketball, déi hëllefen, d’Spill an der Klass zum Liewen ze bréngen. Mat Hoops For Schools gi Spill a Léieren Hand an Hand. Schoule kënne Punkte sammelen a spannend Beloununge fräischalten – sou datt all Stonn eppes ass, op dat een sech freeë kann. Weider Informatioune fënnt een ënner follgendem Link: https://hoopsforschools.basketball/hoops-for-schools/