You(th) Start
D’You(th) Start Entrepreneurial Challenges si kleng a grouss Erausfuerderungen an e wichtegt Element vum Projet Sustainable Entrepreneurial Schools. Si verstinn d’Léieren als e ganzheetleche Prozess a kënne fächeriwwergräifend agesat ginn. Duerch d’Participatioun un de Challengë ginn den Entrepreneurial Mindset, den nohaltegen an de soziale Gedanke gestäerkt, an d’Kooperatioun tëscht de Jonke gefërdert.
D’Challengë si praktesch Aktivitéiten, déi Enseignanten direkt an hire Cours integréiere kënnen.
Fir all Altersgrupp si passend Challenges dobäi:
- A2: 10–14 Joer (7e – 6e / Division inférieure)
- B1–B2: ab 15 Joer (5e – 1re / Division supérieure)
Duerch déi verschidden Aufgabe ginn d’Eegeninitiativ, d’Motivatioun, d’Innovatiounsfäegkeet an d’Selbstvertraue vun de Schülerinnen a Schüler gestäerkt. Gläichzäiteg ginn Theme wéi Nohaltegkeet an d’Bedeelegung un der Gesellschaft behandelt.
D’You(th) Start Challenges sinn Deel vum europäesche Programm Erasmus+, dee vun der Europäescher Unioun entwéckelt gouf. De Programm ëmfaasst 3 verschidde Pilieren, mat am Ganzen 49 verschidde Challengë, aus deenen ee ka wielen an déi un déi verschidde Klassenniveauen ugepasst kënne ginn.
Déi 3 Piliere sinn:
- « Core Entrepreneurial Education » ëmfaasst d’Basisqualifikatioune fir entrepreneurialt Denken an Handelen, méi genee gesot d’Kompetenz, Iddien z’entwéckelen an ëmzesetzen.
- « Entrepreneurial Culture » bezitt sech op d’Fërderung vu perséinleche Kompetenzen an engem soziale Kontext. Et geet ëm eng Kultur vun Oppenheet, Empathie, Teamaarbecht a Kreativitéit, souwéi ëm d’Bereetschaft, Risiken anzegoen an e Bewosstsi fir Risiken z’entwéckelen.
- « Entrepreneurial Civic Education » huet als Zil, sozial Kompetenzen ze stäerken an de Schülerinnen a Schüler méi Selbstvertrauen an hirer Roll als Bierger ze ginn. Schliisslech hëllefen demokratescht Denken an d’Fäegkeet zur Selbstreflexioun de Jonken, hir Meenung auszedrécken a Verantwortung fir sech selwer, fir anerer a fir d’Ëmwelt z’iwwerhuelen.
All Challenge gëtt detailléiert erkläert an ass op der YouthStart-Websäit verfügbar. Do fanne Schoulmeeschteren a Professeren e Guide fir d’Ëmsetzung an och passend Schülermaterial fir am Unterrecht ze benotzen. D’Challengë sinn a verschiddene Sprooche verfügbar a kënnen ënnert www.youthstart.eu erofgeluede ginn.
Dir sidd Enseignant(e)?
Sproochen
All d’Challengë sinn op Däitsch, Franséisch an Englesch verfügbar. Mat Challengë wéi dem Storytelling Challenge oder dem Hero Challenge kënne sproochlech Kompetenze geziilt gefërdert ginn.
Sciences Économiques
De Lemonade Stand Challenge kann zum Beispill an d’Gestiounskueren integréiert ginn.
Aner Challengë wéi den Entrepreneurial Design – B1, de Real Market Challenge – Core Business Plan – B2 oder de Storytelling Challenge – Elevator Pitch – B1 kënnen am Kontext vu Mini-Entreprisen oder Optiounen agesat ginn.
Sport
Kuckt Iech den Extreme Challenge un!
Konscht
Den Trash Value Challenge kéint Iech interesséieren.
Geographie
Loosst Är Schülerinnen a Schüler eng Rees plange mam My Personal Challenge.
Dir sidd Deel vum Service éducatif?
Fir d’Schoulcommunautéit ze stäerken, eegnen sech zum Beispill:
- My Community Challenge – Lebensqualität stärken – B1
- Open Door Challenge – Vernetzung mit Eltern und Schulumfeld – B2
- Buddy Challenge – Buddy Coaching – B2
Fir d’Perséinlechkeetsentwécklung passen ënner anerem:
- Be a Yes Challenge – Wege zum Aufblühen – A2
- Be a Yes Challenge – Meine Charakterstärken – B2
- Empathy Challenge – Empathie Karte – B1
Wann Dir Hëllef braucht, fir de passende Challenge fir Är Klass oder Äert Fach ze fannen, zéckt net, Iech via info@jel.lu ze mellen.