De Financial Literacy Label ass eng Zertifizéierung, déi all Kéiers fir jee ee Joer vum SCRIPT vergi gëtt. Mat deem Label kënne Lycéeën ausgezeechent ginn, déi sech fir d’Promotioun vun der Finanzbildung asetzen. D’Vergab baséiert op engem Katalog vu Krittären, dee sech um nationale Referenzkader fir Finanzkompetenz orientéiert. Déi ausgezeechent Schoulen organiséiere reegelméisseg Aktivitéiten, wéi Atelieren, Konferenzen, Informatiounsronnen oder Visitten. D’Schoule kënnen dës Initiativen ëmsetzen, andeems se  vun der Offer an der Expertise vum Partnernetzwierk profitéieren.