Vun der Schoulcommunautéit fir d'Schoulcommunautéit

Eng EduStart-Up soll de Profil vum Lycée mëttel- bis laangfristeg beaflossen.

Eng EduStart-Up däerf maximum 35.000 Euro ouni Taxen Ëmsaz hunn a minimum 2/3 vum Ëmsaz mussen an der Schoulcommunautéit generéiert ginn

Et gi 4 Etappe fir eng EduStart-Up ze grënnen: Autorisatioun vun der Direktioun an dem Conseil d’Éducation, Informatioun un den SCRIPT, Appell un d’Schüler, Formatioun vum Grënnergrupp

 

  • Autorisatioun vun der Direktioun an dem Conseil d’Éducation
    Als éischt mussen d’Schüler, respektiv de Coordinateur, d’Zoustëmmung vun hirer Direktioun an dem Conseil d’Éducation kréien, fir iwwerhaapt un der Initiativ deelzehuelen ze kënnen.

 

  • Informatioun un den SCRIPT
    Nodeems d’Direktioun an de Conseil d’Éducation d’Autorisatioun ginn hunn, muss de SCRIPT offiziell iwwer d’Participatioun informéiert ginn. Dëst garantéiert eng transparent Kommunikatioun mat den zoustännegen Instanzen.

 

  • Appell un d’Schüler
    Soubal d’Zoustëmmung an d’Informatioun ofgeschloss sinn, gëtt en offiziellen Appell un d’Schüler gemaach, fir ze kucken, ween interesséiert ass, bei der EduStart-Up matzemaachen.
  • Eng EduStart-Up gëtt vu 4-8 Schüler (vu 4e u respektiv engem BTS) gegrënnt. No der Grënnung vun der EduStart-Up gëtt et keng Limitt bei der Unzuel oder dem Joergang vun de Schüler.
  • All EduStart-Up gëtt vun engem (oder méi) Proffen ënnerstëtzt.

 

  • Formatioun vum Grënnergrupp
    Wann sech genuch interesséiert Schüler gemellt hunn, kann de Grënnergrupp zesummegestallt ginn. Dëse Grupp fänkt dann un, konkret un der Iddi ze schaffen an d’Projet ze entwéckelen.

D’Haaptzilgrupp ass d’Schoulcommunautéit. 2/3 vum Ëmsaz musse bannent dëser Gemeinschaft generéiert ginn.

All kommerziell Iddi ass am Prinzip erlaabt ausser Alkohol, Tubak oder Cannabis oder Produiten déi domat a Verbindung stinn

Déi allgemeng Conditioune ginn an enger Konventioun zwëschent dem SCRIPT, dem Wirtschaftsministère an dem Lycée festgeluecht.

​​​​​​D’Obligatioune vum Lycée sinn :

  • „Appel à Candidatures“
    • De Lycée verpflicht sech, en offiziellen Appell un all Schüler ze maachen – ab der 4e respektiv am BTS – fir un enger EduStart-Up deelzehuelen. Dësen Appell gëllt fir all Klassen a gëtt no de gewinnten Usus vum Lycée organiséiert, inklusiv Informatiounssëtzungen. D’Schüler, déi sech mellen, bilden automatesch eng Equipe.
  • Enseignant Encadrant/Coordinateur
    • De Lycée garantéiert, datt op mannst een Enseignant d’Roll vum enseignant encadrant iwwerhëlt. Dësen huet d’Aufgab, de Prozess vun der Gruppenzesummestellung ze begleeden an ze ënnerstëtzen.
  • Produkter vun der EduStart-Up
    • Et muss garantéiert ginn, datt kee Produkt vun der EduStart-Up Alkohol, Tubak oder Cannabis enthält oder domat a Verbindung steet.
  • Participatioun un de Komiteeën
    • De Lycée ass Member vum Decisiouns- a Suiviskomitee, an hëlt aktiv un de relevante Prozesser deel.
  • Juristesch Verantwortung
    • De Lycée iwwerhëlt déi ganz juristesch Verantwortung fir d’Handlunge vun der EduStart-Up. Hien delegéiert d’Mandat un déi verantwortlech Persounen, fir am Kader vun de gesetzleche Bestëmmungen ze handelen.

D’Obligatioune vun der EduStart-Up sinn :

Well d’EduStart-Up ënner der Verantwortung vun der Lycéesdirektioun steet, muss dës sécherstellen, datt follgend Konditioune respektéiert ginn:

  • Minimum Unzuel u Schüler
    • Op mannst 4 Schüler mussen aktiv an der EduStart-Up involvéiert sinn.
  • Rollendefinitioun
    • D’Aufgabe vun all Schüler ginn zesumme mat der Direktioun an den Enseignanten encadrants definéiert.
  • Wäerter vum Projet
    • De Projet muss nohalteg sinn an dem Profil vum Lycée entspriechen.
  • Geneemegung vum Projet
    • D’Equipe muss hire Projet dem Decisiounskomitee virleeën. Bei positiver Evaluatioun kritt d’EduStart-Up de Status vun enger periscolärer Aktivitéit, déi vum Lycée unerkannt gëtt.
  • Zilpublikum
    • D’Haaptzilgrupp ass d’Schoulgemeinschaft. Zwee Drëttel vum Ëmsaz musse bannent dëser Gemeinschaft generéiert ginn.
  • Originalitéit
    • D’EduStart-Up däerf weder den Numm nach d’Iddi vun enger anerer EduStart-Up kopéieren.
  • HACCP-Formatioun
    • Schüler, déi mat Liewensmëttel schaffen, mussen eng HACCP-Formatioun maachen.
  • Sécherheetsprüfung
    • D’Entreprise muss hir Iddi dem SCRIPT an dem Wirtschaftsministère presentéieren, fir d’Sécherheetsmesuren ze evaluéieren.
  • Transparenz vis-à-vis vu Partneren
    • D’EduStart-Up muss kloer kommunizéieren, datt si e Schoulprojet ass, souwuel bei externe Partnere wéi och an all Kontrakter.
  • Notzung vum Benefice
    • De Benefice kann:
      • fir schoulesch Aktivitéiten oder Material benotzt ginn,
      • an d’EduStart-Up reinvestéiert ginn,
      • oder ganz oder deelweis u karitativ Organisatioune gespent ginn.
  • Notzung vu Gefierer
    • D’Benotzung vu Gefierer am Kader vun der EduStart-Up muss virdru vun der Direktioun approuvéiert ginn.
  • Finanzielle Rapport
    • Zum Schluss vum Joer muss d’EduStart-Up e Bilan an e Gewënn- a Verloschtskonto erstellen an dës dem SCRIPT an dem Wirtschaftsministère iwwermëttelen.

Jo, d’EduStart-Up ass:

  • Optional fir de Label N1 an N2
  • Obligatoresch fir de Label N3

Fir d’EduStart-Up ugerechent ze kréie musse follgend Etappe respektéiert sinn :

  • Offiziell Umeldung & Konventioun
    • Fir dass d’EduStart-Up als offiziell Schoulprojet gëllt, muss si formell ugemellt ginn an d’Konventioun muss vun den zoustännegen Acteuren ënnerschriwwe sinn.
  • Buchhaltung
    • D’Buchhaltung vun der EduStart-Up muss spéitstens de 15. Juli vum entspriechende Schouljoer beim SCRIPT agereecht ginn, fir d’Critèren ze erfëllen.
    • (D’Buchhaltung muss net als Deel vun enger To-Do-Lëscht bäigefüügt ginn.)

Jo, et gëtt eng Décharge vun 1,5 L = 3h administrativ Aarbecht.

Et gëtt kee virgeschriwwenen minimum Start-kapital vun enger EduStart-Up.

Am Ufank huet är Schülerfirma nëmmen dat Kapital, dat individuell definéiert gouf, zum Beispill dat festgeluechte Gesellschaftskapital. Am Fall vun enger Sàrl-S sinn dat d’Geldbäiträg vun den Associéë. Bei enger Schülerfirma sinn dës Montanten normalerweis ganz niddreg, zum Beispill sechs Associéen zu jee 5 € = 30 € Gesellschaftskapital. D’Associéen sinn d’Schüler, d’Direktioun an d’Enseignanten.

Et gi verschidden Optioune fir d’finanziell Mëttel ze erhéijen:

  • Investitioun vum Lycée: Wann Dir Investitiounen am Beräich vum Mobilier oder Immobilier braucht, schwätzt mat Ärer Direktioun, ob de Lycée en Deel vun de Käschten iwwerhuele kann.
  • Sponsoring: Sinn Är Elteren, Betriber oder aner Membere vun der Gemeinschaft (schoulesch oder net) interesséiert, Äre Projet ze ënnerstëtzen? Si kënnen Iech ënnerstëtzen duerch Sponsoring – entweder finanziell oder materiell.

An deenen zwee Fäll ännert Äert Gesellschaftskapital (z. B. d’Parten an der Entreprise) net, mee Är finanziell Mëttel ginn erhéicht.

E finanzielle Prêt ass net erlaabt.

Dir kënnt de Benefice reinvestéieren, Iech belounen, an d’Infrastruktur vun der Schoul investéieren oder eng Spend maachen

Reinvestéiert d’Geld an är Entreprise : („Reinvestitioun“) – z. B. fir nei Equipementer oder Material ze kafen, déi är Aktivitéite verbesseren.

Belount äert gemeinsamt Wierk: Mat enger gemeinsamer Aktivitéit wéi z. B. enger Schoulrees oder enger Excursioun – fir d’Teamgefill ze stäerken.

Investéiert an d’Infrastruktur vun der Schoul: Hëlleft mat, d’Léierëmfeld fir iech an är Matkolleegen ze verbesseren.

Maacht eng Spend: Gitt de Benefice oder en Deel dovun u karitativ Organisatiounen oder Projete mat engem sozialen Zweck – a weist ären Engagement fir d’Allgemengheet.

​​​​​​​Eng Schülerfirma kann de Schüler, déi matmaachen, keng Salairen ausbezuelen. Dir kënnt awer no Méiglechkeete sichen, fir d’Beneficer ze notzen, fir eng Form vu Belounung ze fannen.

Kontaktéiert den SCRIPT ënnert entrepreneurship@script.lu oder d’JEL ënnert info@jel.lu

Sie ginn Iech all d’Detailer zur Kreatioun vun enger EduStart-Up.