Atelier Crypto : Révolution ou Illusion ?
-
Cycle/Klass/AlterskategorieClasses supérieures
-
SproochenFR, EN
Iddien entwéckelen, Verantwortung iwwerhuelen an d’Zukunft aktiv matgestalten.
Finanziell Bildung an Entrepreneurship vermëttele Jonke wichteg Kompetenze fir hiert Liewen, hir berufflech Zukunft an eng Gesellschaft am Wandel. Si léieren, bewosst Entscheedungen ze treffen, Initiativ ze weisen, kreativ Léisungen ze entwéckelen an aus enger Iddi eng konkret Initiativ ze maachen.
An dësem Beräich fannt Dir verschidde Méiglechkeeten, fir dës Kompetenze bei de Kanner a Jugendlechen ze fërderen: vum Financial Literacy Label an dem Sustainable Entrepreneurial School Label iwwer d’Youth Start Challenges an EduStartUps bis hin zu konkreten Aktivitéiten, déi vun engem breede Réseau u Partner ugebuede ginn.
Entdeckt d’Offeren, Initiativen an Aktivitéiten a bleift iwwer Neiegkeeten an aktuell Entwécklungen an dësem Beräich informéiert.
Kompetenze stäerken. Iddien ëmsetzen. Zukunft gestalten.
D’You(th) Start Entrepreneurial Challenges si kleng a grouss Erausfuerderungen an e wichtegt Element vum Projet Sustainable Entrepreneurial Schools. Si verstinn d’Léieren als e ganzheetleche Prozess a kënne fächeriwwergräifend agesat ginn. Duerch d’Participatioun un de Challengë ginn den Entrepreneurial Mindset, den nohaltegen an de soziale Gedanke gestäerkt, an d’Kooperatioun tëscht de Jonke gefërdert.