Demokratie,
Rechter &
Weltbiergerschaft

Citoyenneté démocratique et mondiale, droits humains,
solidarité internationale participation et vivre-ensemble.

Demokratesch Participatioun

Dëse Sticker ëmfaasst all Aspekter ronderëm d’Demokratesch Participatioun. Participante sollen net nëmmen demokratesch Reegelen a Prozesser verstoen, mee un dësen och aktiv deelhuelen an hir Meenung äusseren. Esou léieren si Verantwortung am kollektive Liewen ze iwwerhuelen.

Mënscherechter

De Fokus vun dësem Sticker läit op de Mënscherechter. Et beschreift Offeren, déi drop ofzielen d’Grondrechter an Egalitéit ze verstoen, Diskriminatioun ze erkennen an ze hannerfroen a Gerechtegkeet a Rechtsstaatlechkeet ze hannerfroen.

Global Verantwortung

Dëse Sticker beschreift en Deelberäich vum Themeberäich Demokratie, Rechter & Weltbiergerschaft an ëmfaasst Offere mat engem Fokus op global Verantwortung. Hei sollen d’Participante global Zesummenhäng an Ongläichheete verstoen, Verantwortung fir weltwäit Erausfuerderungen iwwerhuelen an nohalteg a solidaresch handelen.

Léisunge vu Konflikter

Zu dësem Sticker zielen Offeren, déi sech mat Léisunge vu Konflikter befaassen. De Fokus läit dobäi op dem Erkennen a Verstoe vu Konflikter, dem Entwéckele vu gewaltfräie Léisungen am Dialog an dem respektvollen a konstruktiven Ugoen vun Differenzen.

Bildung als Weltbierger

Dëse Sticker ëmfaasst all Aspekter ronderëm d’Bildung als Weltbierger. Participante sollen net nëmme global Perspektiven a kulturell Diversitéit kenne léiere souwéi geschichtlech an aktuell Theemen analyséieren, déi déi globaliséiert Welt betreffen, mee och déi eege Roll an der Welt reflektéieren.

Solidaritéit

De Fokus vun dësem Sticker läit op der Solidaritéit. Et beschreift Offeren, déi drop ofziele  Empathie a Respekt am Zesummeliewen ze applizéieren, solidarescht Handele lokal a global ze entwéckelen an de sozialen Zesummenhalt a Gerechtegkeet ze stäerken.