Demokratie,
Rechter &
Weltbiergerschaft

Citoyenneté démocratique et mondiale, droits humains,
solidarité internationale participation et vivre-ensemble.

Wëllkomm am Theemeberäich Demokratie, Rechter & Weltbiergerschaft!

Dësen Themeberäich regruppéiert all d’Offeren, déi de Fokus op d’Stäerkung vun der Zivilgesellschaft an d’Responsabiliséierung vun de Bierger leeën. Dobäi verbënnt d’Offer d’Inhalter aus de Léierpläng an dem Cadre de référence national direkt mat der gesellschaftlecher Realitéit an dem Zesummeliewen.

De Beräich léisst sech an dës Rubriken ënnerdeelen:

  • Demokratesch Matbestëmmung: Hei gëtt Partizipatioun a verschiddene Bildungsberäicher an doriwwer eraus aktiv gelieft.
  • Mënscherechter: D’Kanner a Jugendlecher ginn dozou befäegt, fir déi eege Würd an déi vun hire Matmënschen anzestoen.
  • Global Verantwortung: Global Liwwerketten, ökologesch Zesummenhäng an d’Roll vu Lëtzebuerg an der Welt ginn hei beliicht.
  • Konfliktléisung: Dës Rubrik fërdert d‘Emapthie a vermëttelt Methode fir eng friddlech Mediatioun.
  • Weltbiergerlech Bildung: Geférdert gëtt eng kosmopolitesch Haltung, déi d‘Villfalt als Beräicherung fir d’Zesummeliewen an d’Léierëmfeld versteet.
  • Solidaritéit: Hei ginn internationaler Kooperatiounsprojeten thematiséiert, déi weisen, datt een zesummen méi areeche kann.

An Zäite vun déifgréifenden globale Verännerungen hëlleft dës Offer, komplex Theme wéi d‘Mënschrechter altersgerecht ze vermëttelen. Si fërdert de kritesche Geescht a preparéiert d’Kanner a Jonk optimal op d’Welt vu muer